Alles
 
Youth protection
Richtlinnen zum Jugendschutz

Zap S.A. setzt sech fir den Schutz vun Jugendlecher an, ma well et keng technesch Léisung gëtt fir en honnertprozentegen Schutz ze garantéieren, bieden mir all Jugendlecher an hir Elteren sech iwwert d'Geforen am Internet ze informéieren an sech deementspriechend selwer ze schützen. Hei fannt dier e puer Rotschléi wéi dir iech virun onangenehmen Mënschen an Belästegungen kënnt schützen. Fir aner Jugendlecher ze schützen bieden mir iech eis ongewéinlech/ opfälleg oder géint eis Richtlinnen verstoussend Verhalensweisen vun Useren ze mellen. Dat selwecht gëllt wann dir den Verdacht hutt, dass en User net seng richteg Identitéit uginn huet. Dir kënnt eis en User oder eng Foto mellen, andeems dir op déi jeeweileg Säit/Profil gitt an uewen riets op d'Icone mam Krees mam Minus an der Mëtt klickt.

Wei kann een sech als Jugendlechen selwer schützen?

1.Informatiounsaustausch am Internet

  • Sozial Netzwierker am Internet sinn ëffentlech Plattformen, dir kënnt net wëssen wien di Informatiounen, di dir vun iech drop setzt, liest, an dir wësst och net wat si mat deenen Informatiounen maachen.
  • Grad esou wéi dir net am Zuch engem Friemen alles iwwert iech erzielt sollt der och am Internet net alles erzielen.
  • Setzt nëmmen Informatiounen drop, di all Mënsch eppes uginn.
  • Informatiounen di der virun Erwuessenen, ären Elteren oder ären Schoulmeeschter wëllt geheim halen gehéieren net op den Internet.
  • Setzt keng Informatiounen/ Fotoen oder Videoen drop di iech an Zukunft kéinten schueden, z.B. Fotoen di ären zukünftegen Patron léiwer net sollt gesinn.
  • Sierft iech bewosst dass Informatiounen di eng Kéier am Internet verëffentlecht goufen, net einfach gelëscht kënnen ginn an dacks nach Joeren duerno erëm ze fannen sinn.
  • Beschränkt den Zougank op ären Profil andeems dir ob d'Icone mam Zännrad uewen riets ob ärem Profil dréckt, hei kënnt dir äert Säit administréieren an den Grad vun ärer Privatsphär astellen.
  • Acceptéiert am beschten nëmmen Leit als Frënn, di dir wierklech kennt an deenen dir och traut. „Falsch Frënn“ kënnen är Donnéeën am Internet verbreeden ouni dass dir eppes do géint kënnt ënnerhuelen.

2.Perséinlech Donnéeën

  • Iwwer eis Plattform hutt dir vill Méiglechkeeten fir mat aneren Leit ze kommunizéieren. Den Austausch vun Telefonsnummeren, e-mail oder aner Adressen ass vollkommen iwwerflësseg an esoumat Tabu.
  • Gidd kengem Informatiounen di him erlaben iech erëm ze fannen, maacht keen Rendez-vous mat engem aneren User aus, wann dir net 100% sécher sidd wien hien ass.
  • Gidd kengem Informatiounen di him erlaben iech ze belästegen.
  • Sot kengem an ewéi enger Schoul dass dir sidd an setzt och keng Fotoen vun ärer Schoul ob ären Profil.
  • Sot kengem wou dir regelméisseg hin gitt an setzt och keng Fotoen vun iech drop, déi Informatiounen iwwer Plaatzen enthalen, wou dir dacks unzetreffen sidd.
  • Gidd kengem äert Passwuert weider, esou dass keen sech ënnert ärem Numm kann umellen.
  • Am beschten dir gitt keng e-mail Adress un aner User weider. Wann der trotzdem per e-mail mat aneren Useren wëllt kommunizéieren, dann schaaft iech en neien e-mail account, den dir nëmmen fir deen Zweck benotzt. Huelt ni di selwecht e-mail Adress wei déi di dir ären Frënn gitt. Wann een iech per e-mail belästegt oder iech masseg Spams schéckt, kënnt dir dann den Account läschen an en neien opmaachen, ouni dass dir doduerch den Kontakt zu ären Frënn verléiert.

3.Passt op ewéi eng Themen dass dir beschwätzt

  • Di Leit mat deenen dir Chat bleiwen ëmmer Friemer, et sinn keng Frënn. Dir musst dovun ausgoen, dass dir net wësst mat weem dir schreift. Et kann sinn dass Leit sech eng falsch Identitéit ginn, fir Kontakter mat Jugendlechen ze kréien. Net jiddereen deen sech als Jugendlechen ugëtt ass och tatsächlech an dem Alter.
  • Gleeft net alles wat anerer iech schreiwen, si kéinten probéieren iech eranzeleeën fir z.B. un är perséinlech Donnéeën ze kommen.
  • Äntwert ni ob Noriichten, di iech komesch virkommen, oder schwätzt fir d'eischt mat ären Elteren doriwwer.
  • Passt op dass der net zevill provokativ Saachen schreift, dat kéint vun aneren als Invitatioun gesinn ginn fir e puer Grenzen ze iwwerschreiden.
  • Gidd iech ni als 18 - järegen un, wann dir nach mannerjäreg sidd.
  • Wann dir mat engem User keen Kontakt méi wëllt hunn, well hien iech beleidegt oder ob eng aner Manéier belästegt, dann kënnt dir iech schützen, andeems dir hien blokéiert, sou kann hien iech keng Noriicht méi schreiwen. Gitt dofir ob är Homebase, do fannt dir op der rietser Säit bei „Deng Astellungen“ den Ënnerpunkt „Persoun blockéieren“.
  • Wann dir mat engem aneren User en Rendez-vous ausmaacht, dann am beschten ob enger ëffentlecher Plaatz, informéiert är Elteren mat weem dir iech trefft. Am Beschten dir gitt net eleng ob dat Treffen.
  • Haalt net alles, wat dir mat aneren User beschwätzt, virun ären Elteren geheim. Är Elteren hunn schon vill méi eng grouss Liewenserfarung an si kéinten Risiken éischter erkennen ewéi dir. En plus kënnen si iech Rotschléi ginn, wéi dir ob verschidden Situatiounen sollt reagéieren.

Wat kënnen d'Elteren maachen?

  • Weist Interessi un deem wat är Kanner um Internet maachen.
  • Maacht iech selwer en Account ob eisem Internetsite, kuckt no, wat een do alles kann maachen, fir dass dir verstitt, wat är Kanner hei erliewen.
  • Liest eis Allgemeng Conditiounen duerch, an schwätzt mat ären Kanner doriwwer.
  • Erklärt ären Kanner wat fir Informatiounen si däerfen verëffentlechen, wat si allgemeng däerfen maachen an wat net, an wisou net. Kläert si iwwert méiglech Geforen op.
  • Erklärt ären Kanner dass et net „cool“ ass sech als 18 - järegen auszeweisen.
  • Kläert mat ären Kanner of, iwwer ewéi eng Themen si net sollen am Chat schreiwen.
  • Kläert mat ären Kanner of, ewéi eng Konsequenzen ob si waarden, wann si sech net un är Regelen halen. Et bréngt näischt den Kanner ze verbidden ob den Internet ze goen, well si sech dann ob aneren Plaatzen Zougank zum Internet verschafen z.B. bei Frënn oder am Internet-Café, wou dir guer keng Kontroll méi hutt.
  • Sot ären Kanner dass si mat iech doriwwer sollen schwätzen, wann se Saachen geschriwwen kréien di si stéieren oder di hinnen komesch virkommen.
  • Frot heiansdo bei ären Kanner no, ob si nei Bekanntschaften um Internet gemaach hunn, an ob si doriwwer wëllen mat iech schwätzen.
  • Informéiert Zap S.A. wann dir en Hiwäis dorop fannt, dass en User eng falsch Identitéit unhëlt fir mat Jugendlecher an Kontakt ze trieden, oder wann säin Verhalen géint eis Conditions générales verstéisst.
Weider Informatiounen zum Thema Jugendschutz:
 
About zap.lu   |    Advertising on zap.lu   |    Contact & support   |    Youth protection   |    Conditions   |    Yellow.lu